Chargement Évènements

« Tous les évènements

  • Cet évènement est passé

Kabarö – „Total am Bësch”

avril 25 @ 20:00 - 22:00

De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun
der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn. Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer? Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten  «ale» Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder éieren dach? All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar. Infoen zum Mouvement Ecologique a senger Regional Süden a weider Tourendaten op www.meco.lu

Donneschdes, de 4. Abrëll 2019
um 20:00
Centre Culturel Régional opderschmelz
1a, rue du Centenaire – Diddeleng
Reservéierung: reservation@meco.lu
Donneschdes, de 25. Abrëll 2019 um 20:00
Centre Culturel Kulturfabrik
116, rue de Luxembourg – Esch-Uelzecht
Oppassen: Dësen Owend ass mat Iessen:
Infoen derzou bei der Umeldung oder op www.meco.lu
Reservéierung: reservation@meco.lu
Präiss pro Ticket: 20 € an
10 € fir Studenten an Aarbechtsloser

Kabarö
„Total am Bësch”
Präiss pro Ticket an Iessen:
52 € (vegetaresch) / 55 € (mat Fleesch)
45 € fir Studenten an Aarbechtsloser

Détails

Date :
avril 25
Heure :
20:00 - 22:00
Site Web :
www.meco.lu